Dateschutz

iRobot - Lëtzebuergesch

DATESCHUTZ

D'iRobot®-Gesellschaft ("iRobot", "mir", "eis", "eisen/eist") verflicht sech Är Daten ze schützen. Dës Dateschutzrichtlinnen erklären, wéi Informatiounen iwwert Iech, oder, déi mat Iech ze dinn hunn ("perséinlech Informatiounen") vun iRobot gesammelt, benotzt a weidergeleet ginn. Dës Dateschutzrichtlinne bezéie sech op eis Internetsäiten a Servicer, dozou gehéiert www.iRobot.com (de "Website"), all Clientsapparater, déi Dir mat eisem Service registréiert an all online Applikatiounen ("Appen"), déi bei dëse Clientsapparater hëllefen (zesummen genannt eis "Servicer"). Dës Dateschutzrichtlinne bezéie sech net op iRobot®-Apparater fir d'Defence, d'Sécherheet, d'Ausbildung oder fir kommerziell Applikatiounen.

Wann et ëm d'Dateschutzgesetzer geet, kontrolléiert d'iRobot Gesellschaft déi Informatiounen, déi mir iwwert Iech hunn.

1.            Wéi mir Informatioune sammelen a gebrauchen

2.            Perséinlech Informatioune mat Drëttparteien deelen

3.            Är Choixe bei Ären Informatiounen

4.            Sécherheet a Späichere vun Informatiounen

5.            Dateschutz bei Kanner

6.            Linken op d'Websäite vun Drëttparteien

7.            Aktualiséierunge vun dëse Richtlinne

8.            Messagen un Iech

9.            Kontaktéiert eis

10.          Datum vun der leschter Ännerung

1.              WÉI MIR INFORMATIOUNE SAMMELEN A GEBRAUCHEN

Am Allgemengen

Mir sammele perséinlech Informatiounen, fir Iech eng personaliséiert, praktesch an effizient Erfarung ze erméiglechen. Zu deene Kategorië vun Informatiounen, déi mir sammelen, gehéieren zum Beispill:

  • Informatiounen, déi Dir eis gitt. Mir sammelen a späichere perséinlech Informatiounen, dozou gehéieren Är E-Mail-Adress, Äre Benotzernumm an Äert Passwuert, Är Liwweradress, Rechnungsinformatiounen, an Telefonsnummer, wann Dir e Konto bei iRobot registréiert, den iRobot®-Service benotzt, online akeeft, Iech fir Offeren umellt oder mat eis kommunizéiert. Wann Dir Ären Apparat online oder per Bréif oder eng aner Aart a Weis registréiert, sammele mir och Informatiounen iwwert Ären iRobot Apparat, wéi z.B. d'Identifikatiounsnummer vum Apparat, d'Seriennummer oder de Produktcode.
  • Informatiounen, déi mir vun Drëttparteie kréien. Wann Dir mat eiser Websäit oder Appen iwwert déi sozial Medien interagéiert, z.B. wann Dir eis like't oder e Follower op engem sozialen Netzwierk sidd, oder op eis Servicer iwwert e Link oder e Login vun enger Drëttpartei op eis zougräift oder aloggt, kënne mir Informatioune vum sozialen Netzwierk kréien, wéi z.B. Är Profilinformatiounen, Äert Profilbild, Geschlecht, Benotzernumm, Benotzeridentitéit vum Konto um sozialen Netzwierk, Ären Alter, Är Sprooch, Äert Land, Är Lëscht vu Frënn an all aner Informatiounen, déi Dir dem soziale Netzwierk erlaabt, mat Drëttparteien ze deelen. Déi Daten, déi mir kréien hänke vun Ären Astellungen beim Dateschutz op deem sozialen Netzwierk of. Dir sollt ëmmer Är Dateschutzastellunge fir Websäite vun Drëttparteien nokucken a falls néideg änneren ier Dir eppes like't oder Iech mat eisem Service verbannt.

Mir benotzen dës Informatiounen, fir Iech déi Deeler a Méiglechkeeten vun de Servicer kënnen unzebidden, fir se fonctionnéieren ze loossen a se ze ënnerhalen, fir Bestellungen ze traitéieren, fir e Service-Client unzebidden an direkt mat Iech ze kommunizéieren, wéi z.B. Är Informatiounen iwwert Är Bestellungen, spezial Offeren an nei Fonctiounen um Site ze schécken. Dir kënnt iwwert "Mäi Konto" op eiser Säit oder an der App astellen, wéi vill E-Mailen Dir kritt. Mir kënnen Iech och E-Mailen oder Noriichte iwwert de Service schécken (z.B.: Kontosbestätegungen, Bestellungsbestätegungen, Ännerungen oder Aktualiséierunge vu Fonctiounen um Service, technesch oder sécherheetsrelatéiert Noriichten). Eventuell kënnt Dir E-Mailen, déi mam Service ze dinn hunn net ofbestellen. Fir méi Informatiounen zu Äre Kommunikatiounspreferenzen, kuckt hei ënnendrënner bei "Är Choixe bei Ären Informatiounen".

Informatiounen, déi mir vu registréiert iRobot Apparater sammelen.    

Munnech vun eisen iRobots hunn eng smart Technologie, dat et hinnen erlaabt per WIFI Daten un de Service z'iwwermëttelen. Zum Beispill kann den iRobot Informatiounen iwwert dem iRobot seng Funktioun a Gebrauchstatistiken, wéi d'Liewensdauer vun der Batterie an d'Gesondheet, d'Unzuel u Missiounen, d'Identifikatioun vum Apparat a Kaarte vun der Plaz sammelen an iwwerdroen. Wann Dir Ären iRobot mat den online Appe verbannt, sammelen a geréieren d'Appen Informatiounen iwwert den iRobot an/oder de Gebrauch vun der App, de Fonctiounen, Transaktiounen an der App, technesch Spezifikatiounen, Ofstierz an aner Informatiounen doriwwer, wéi Dir Ären iRobot an dem Produkt seng App gebraucht. Mir sammelen och Informatiounen, déi beim Set-up ugi ginn.

Mir gebrauchen dës Informatiounen, fir Statistik ze sammelen an z'analyséieren, technologesch Problemer ze diagnostizéieren an ze reparéieren, d'Leeschtung vum Apparat an d'Erliefnis vum Benotzer ze verbesseren. Mir kënnen dës Informatioune gebrauchen, fir Iech perséinlech Messagë ze schécken, dozou gehéiert Marketing a Reklammen, wéi E-Maile mat Bestellungsinformatioune vun engem Artikel a wann Ären Apparat ugëtt, d'Batterie wier bal platt. Eis iRobots schécken dës Informatiounen net, wann Dir den Apparat net online registréiert an un de WLAN oder en aneren Apparat via Bluetooth uschléisst. Dir kënnt eis smart Technologie ouni WLAN oder Bluetooth Datentransfer benotzen, andeems Dir einfach d'Verbindung vum WLAN oder Bluetooth vun Ärem Apparat ausmaacht oder se ni umaacht.

De Gebrauch vu Cookieën an aner Technologië fir Informatiounen ze sammelen.

Mir gebrauche Cookieën, fir un Informatiounen ze kommen a se ze späicheren, während deems Dir Accès op eise Service kritt. Dir kënnt méi iwwert eise Gebrauch vu Cookieën an eis Cookie-Richtlinne gewuer ginn.

Niewent Cookieën, sammele mir automatesch verschidden Aarte vu Gebrauchsinformatiounen, wann Dir en iRobot Service benotzt. Mir kënnen all Kéiers, wann Dir de Service gebraucht, Informatiounen aus Ärem Browserhistorique oder vun Ärem mobilen Apparat sammelen. Informatiounen aus dem Browserhistorique sinn z.B. wéi e Site, dir opgeruff hutt, är IP-Adress, Zort vu Browser, Informatiounen iwwert Äre mobilen Apparat, dee leschten Site an URLen, Unzuel vu Klicken an wéi Dir mat Linken um Service ëmgitt, Domainnimm, Homepagen, ugekuckten Internetsäiten an aner ähnlech Informatiounen.

Mir kënnen clear gifs (och nach bekannt als Web beacons) benotzen, déi anonym d'online Gebrauchsverhalen vun eise Clienten observéiert. Doriwwer eraus kënne mir och clear gifs an HTML baséiert E-Maile schécken, déi mir eise Client’e schécken, fir ze kucken, wéi eng E-Mailen opgemaacht ginn an op wéi eng Linken den Emfänger klickt. D'Informatiounen erméigleche méi genee Rapporter a Verbesserunge vum Service. Dir kënnt Är E-Mail-Astellunge sou geréieren, dass Biller net automatesch erofgeluede ginn, wann se sou Technologien enthalen, déi eis et erlaben, feststellen, ob Dir Är E-Mail opgemaacht a verschidde Fonctiounen opgeruff hutt.

Mir kënnen och analytesch Date sammelen, oder e Programm vun enger Drëttpartei benotzen, déi eis hëlleft, den Trafic an d'Gebrauchstrenden vum Service ze moossen a méi iwwert d'Demographie vun eise Client’e gewuer ze ginn. Dës Programmer sammelen Informatioune vun Ärem Browser oder mobilen Apparat, dozou gehéieren déi Säiten, déi Dir besicht, Äre Gebrauch vun Applikatioune vun Drëttparteien, an aner Informatiounen, déi eis hëllefen, fir de Service z'analyséieren an ze verbesseren.

Obwuel mir eis Bescht maachen, fir eis un d'Dateschutzastellunge vun eise Clienten ze halen, kënne mir momentan net op Do-Not-Track-Signaler vun Ärem Browser äntweren.

Wann Dir op de Service iwwert e mobilen Apparat zougräift, kënne mir Informatioune kréien oder sammelen a späicheren, dozou gehéiert eng eenzegaarteg Identifikatiounsnummer, déi un Ären Apparat oder eis Applikatioun geknäppt ass (inklusiv, zum Beispill, eng UDID, Unique ID for Advertisers ("IDFA"), Google Ad ID, oder eng Windows Advertising ID), mobilen Apparat, Typ vun Apparat, Modell an Hiersteller, d'Marque vum Operativsystem vum mobilen Apparat, Modell an Telefonsnummer. Mir sammelen oder sichen net ouni Är Erlaabnis no der Plaz, wou Dir Iech grad befannt. Falls néideg, biede mir ëm Är Erlaabnis ier mir Informatiounen iwwert Är Plaz, dozou gehéieren Är GPS-Koordinaten, benotzen.

Mir gebrauchen oder kënnen déi Daten, déi iwwer Cookieën, d'Logdateien, Apparatsidentifikateuren, Daten iwwert d'Plaz a clear Gifs Informatioune gesammelt ginn, gebrauche fir: (a) Informatiounen iwwert Iech ze verhalen, sou dass Dir se net nach eng Kéier musst agi bei der nächster Kéier, wou Dir um Site sidd; (b) personaliséiert Reklamm unzebidden; (c) d'Efficacitéit vum Service unzebidden an z'iwwerwaachen; (d) Statistiken z'iwwerwaachen, z.B. d'Unzuel vu Visiteuren, den Trafic, de Gebrauch, d'demografesch Muster op eisem Site an de Servicer; (e) technologesch Problemer ze diagnostizéieren an ze behiewen; an (f) soss de Service ze verbesseren oder Pläng dofir kënnen opzestellen.

D'Informatioune fir d'Analys vun Ärem Gebrauch vum Site, déi vun Ärem Apparat oder Browser generéiert gëtt (dozou gehéiert Är IP Adress), kënnen u Serveren an den USA geschéckt an do gespäichert ginn.

2.              PERSÉINLECH INFORMATIOUNE MAT DRËTTPARTEIEN DEELEN

Mir kënnen Är perséinlech Informatioune mat folgende Parteien deelen:

  • Aner Firmen, déi zu iRobot gehéieren, dozou gehéieren eis Subsidiéierter (d.h. all Organisatioun, déi mir kontrolléieren) an eis ultimativ Holdinggesellschaft (d.h. all Organisatioun, där mir gehéieren oder déi eis kontrolléiert) an all Subsidiéierter, déi hir gehéiert. Dës Firme benotzen Är perséinlech Informatiounen op gläicher Manéier, wéi mir dat laut dëser Dateschutzrichtlinn maachen;
  • Drëttverkeefer an aner Ubidder vun engem Service, déi e Service an eisem Numm ubidden, just fir hir Aarbecht fir eis kënnen ze maachen, dozou gehéiert geriicht Reklammen z'identifizéieren an unzebidden, en online Verkaafsservice unzebidden, d'Ausféieren vun Inhalt oder engem Service, Rechnunge schécken, d'Operatioun vum Site, eng Bezuelung duerchzeféieren an z'autoriséieren, de Service-Client, statistesch Analysen unzebidden oder professionell Servicer unzebidden. Méi Informatiounen iwwert déi Aart a Weis, wéi dës Organisatioune mat Äre perséinlechen Daten ëmginn, kritt Dir vun eis, iwwert déi Kontaktméiglechkeeten, déi ënnen opgezielt sinn;
  • Mat Ärer Erlaabnis, vun ausgewielten Drëttparteien, déi eiser Meenung no Iech Produkter oder Servicer ubidden, déi Iech gefale kéinten;
  • Vun Drëttparteien op Äre Wonsch hin. Zum Beispill kënnt Dir eis an de soziale Medie like'en oder eis folgen, an dës Aktioun gëtt op Ärer Mauer ugewisen, wat siichtbar ass fir Är Frënn a Followeren a ka soss iergendwéi ëffentlech gemaacht ginn.
  • Aner Parteien, déi mat enger Firmentransaktioun a Verbindung stinn, wéi eng Fusioun, e Verkaf vun allen oder engem Deel vun de Firmenaktien, eng Reorganisatioun, Finanzement, eng Ännerung an der Kontroll oder de Kaf vum ganzen oder engem Deel vun eiser Firma duerch eng aner Gesellschaft oder Drëttpartei oder am Fall vun enger Faillite oder ähnlech Evenementer; an
  • Drëttparteien, déi mussen (i) gülteg Gesetzer, Regulatiounen, Strofundroungen / Geriichtsentschlëss, geriichtlech Prozesser oder Regéierungsufroe respektéieren, (ii) eis Servicebedéngungen ëmsetzen, dozou gehéiert d'Investigatioun vu potentielle Verstéiss, (iii) eng Behaaptung oder Uklo vun enger Drëttpartei ënnersichen an eis dogéint ze verteidegen, (iv) eis géint Verletzunge vun eise Rechter, Sécherheet vun a Schued un iRobot, senge Clienten oder d'Ëffentlechkeet, wéi vum Gesetz virgeschriwwen oder erlaabt, ze schützen an (v) kriminell (Bedruch, Stalking z.B.), Sécherheets- oder Technikproblemer ze fannen, verhënneren oder soss z'adresséieren.

Mir kënnen och anonym Informatioune mat aneren deelen, sou dass net erkannt ka ginn, zu weem se gehéieren.

3.              ÄR CHOIXE BEI ÄREN INFORMATIOUNEN

Är Informatioune kucken, änneren an aktualiséieren.

Dir hutt folgend Rechter, wat Är perséinlech Informatioune betrëfft: (i) D'Recht doriwwer informéiert ze ginn, wéi Är perséinlech Informatioune gebraucht ginn; (ii) d'Recht Är perséinlech Informatiounen, déi mir hunn, ze liesen; (iii) d'Recht eng Ännerung vu falsche perséinlechen Informatiounen, déi mir iwwert Iech hunn, unzefroen an eng Ufro ze maachen, fir d'Informatiounen, déi géint d'Dateschutzgesetzer verstoussen, ze blockéieren oder ze läschen.

Dir kënnt Är perséinlech Informatiounen, déi Dir eis ginn hutt, iwwert Äre Konto op eisem Site liesen, änneren an aktualiséieren. Dir kënnt Är perséinlech Informatiounen, déi net an Ärem Konto op eiser Säit stinn, liesen, änneren an aktualiséieren andeems Dir eis schreift (kuckt d'Adress hei ënnendrënner). Gitt eis weg. sou vill Informatiounen, wéi méiglech iwwert déi perséinlech Informatiounen, déi Dir gäre kucke wëllt, a mir probéieren Iech gären ze hëllefen se ze fannen.

Fir soss Är Rechter auszeüben oder wann Dir eng Fro zu Äre Rechter hutt, kontaktéiert eis weg. andeems Dir d'Informatiounen an der Sectioun "Kontakt" hei ënnendrënner benotzt.

Marketing Kommunikatiounen. Heiansdo kënne mir Iech kontaktéieren, fir Iech Informatiounen zu eise Produkter a Servicer ze ginn. Déi meescht Marketing Messagë kritt Dir iwwer E-Mail oder duerch eis Appen. Wann Dir keng sou Marketing Messagë vun eis wëllt kréien, kënnt Dir dat normalerweis astellen, andeems Dir verschidde Këschtercher an engem Formular ukräizt, dat benotzt gëtt, fir Informatioune bei der éischter Kéier ze sammelen.

Dir kënnt Är Kommunikatiounspreferenzen iwwer d'"Mäi Konto"-Säit um Site oder der App astellen. Dir kënnt och op den "unsuscribe"-Knäppchen an all Reklammen-E-Mail drécken, déi mir Iech schécken. Et ass awer net ëmmer méiglech, fir sech vun net-Reklammemessagen iwwert Äre Konto lass ze soen, zum Beispill Kontoverifikatiounen, Bestellungskonfirmatiounen, Ännerungen oder Updatë vu Fonctiounen um Service, oder technesch a sécherheetsrelatéiert Noriichten.

Do wou Dir eis Är Erlaabnis ginn hutt, kënne mir Är Kontaktinformatioune mat ausgewielten Drëttparteien deelen, sou dass si Iech Informatiounen iwwert Produkter a Servicer kënne ginn, déi Iech eiser Meenung no gefale kéinten. Wann Dir net méi wëllt, dass Är Kontaktinformatioune mat ausgewielten Drëttparteien aus Marketingsgrënn gedeelt ginn, kënnt Dir eis Bescheed soen, andeems Dir Iech bei eis mellt (kuckt eis Kontaktinformatiounen um Enn vun dëser Dateschuztrichtlinn).

D'Sammelen iwwert den Apparat. Dir kënnt d'Sammele vun Daten vun Ärem registréierten iRobot®-Apparat kontrolléieren oder stoppen, andeems Dir d'WLAN- oder d'Bluetooth-Verbindung vun der App ënnerbannt, z.B. andeems Dir d'Passwuert fir de WLAN ännert. Kontaktéiert eis weg. iwwert global.irobot.com wann Dir Froen doriwwer hutt, wéi een en iRobot®-Apparat ofschléisst.

Online Reklammen. Mir oder eis Reklammpartner kënnen Iech Reklammen op eisem Site oder eisen Appe weisen. Fir dat ze maachen kënne mir oder eis Reklammpartner Informatiounen doriwwer sammelen, wéi Dir oder anerer déi den Apparat gebrauchen, eise Site, eis Appen an aner Type vun anere Websäiten, Sozial Medien, Inhalt a Reklammen benotzt, domat interagéiert, besicht oder kuckt. Déi gesammelt Informatioune kënnen Är IP-Adress vum Apparat, deen Dir mam Site oder App verbonnen hutt, mat abegräifen.

Mir oder eis Reklammepartner benotzen d'Informatiounen, déi gesammelt goufen, fir sécherzestellen, dass d'Reklammen, déi Dir op eisem Site, eisen Appen oder aner Parteien hir Websäiten an Appen (wou eis Partner Reklamme weisen) gesitt, méi relevant fir Iech sinn.

Normalerweis gi Cookieën an ähnlech Technologië benotzt, fir sou eng Zort vu Reklammen unzebidden. Dir kënnt méi iwwer Cookië gewuer ginn a wéi een hire Gebrauch geréiert andeems Dir eis Cookie-Richtlinn liest. Fir méi iwwert ähnlech Technologië gewuer ze ginn, z.B. clear gifs / web Beacons, kënnt Dir op http://www.allaboutcookies.org oder op d'online Ressourcë vun Network Advertising Initiative, op http://www.networkadvertising.org goen.

Dir kënnt d'Sammele vun Informatiounen iwwert gewësse Cookieën oder ähnlech Technologien "ausmaachen", andeems Dir d'Astellungen an Ärem Browser oder Ärem mobilen Apparat ännert. Kuckt weg. d'technesch Informatioune fir Äre Browser oder mobilen Apparat no, fir Uweisungen, wéi een Cookieën an aner Verfolgungs- a Späicherprogrammer läscht oder ausmécht.

An der EU kënnt Dir vill Netzwierk Reklammeprogrammer, déi Är Aktivitéiten iwwer vill Websäite verfollegen, fir Iech perséinlech Reklammeninhalter ze ginn, lassginn andeems Dir op http://www.youronlinechoices.eu gitt. Duerch d'Läsche vu Browser-Cookieë kënnen Är Astellunge fir se lass zeginn geännert ginn, kuckt dohier regelméisseg no dëse Programmer, fir sécherzestellen, dass Är Preferenzen aktuell sinn.

Datespäicheren: Dir kënnt eis iwwert global.irobot.com kontaktéieren an ufroen, dass Är perséinlech Informatiounen aus eise Systemer geläscht solle ginn. Mir behalen eis d'Recht vir, fir Är perséinlech Informatiounen z'anonymiséieren, dozou gehéiert d'Informatioun iwwert den iRobot Apparat, de Gebrauch vum Service a fir Är anonymiséiert Informatiounen an eisen Opzeechnungen ze späicheren.

4.              SÉCHERHEET A SPÄICHERE VUN INFORMATIOUNEN

D'Sécherheet vun Ären Informatiounen ass wichteg fir iRobot, dofir benotze mir physesch, administrativ an technologesch Sécherheetsmechanismen, déi hëllefen Är Integritéit a Sécherheet vun alle perséinlechen Informatiounen ze erhalen, déi mir sammelen an déi mir mat eise Serviceubidder deelen. Mee leider gëtt et kee Sécherheetssystem, dat onduerchdrénglech ass a mir kënnen net zu 100% fir d'Sécherheet vun eise Systemer garantéieren. Falls perséinlech Informatiounen an eiser Ophut duerch eng Sécherheetslück kompromittéiert goufen, leede mir déi néideg Schrëtter an, fir d'Situatioun z'ënnersichen an eventuell, deene Bescheed ze soen, deenen hir perséinlech Informatioun kompromittéiert gouf an aner Schrëtter, wéi se vum Gesetz an aner Regulatioune virgesi ginn. Wann Dir Äert Passwuert ännere wëllt, oder wann Dir mierkt, dass Äert Passwuert verschwonnen, geklaut oder ouni Erlaabnis gebraucht gouf, kontaktéiert eis iwwer global.irobot.com oder iwwert den +1-800-727-9077.

iRobot kann Är perséinlech Informatiounen op engem Server geréieren, deen net an Ärem Land ass. Dir sidd mam Transfert vun Äre perséinlechen Informatiounen an d'USA oder eng aner geographesch Plaz averstanen. Wann Dir op d'Websäit oder de Service vun ausserhalb den USA gitt, wësst Dir dass et amerikanesch Gesetzer oder Gesetzer aus deem Land, wou mir mat Äre perséinlechen Informatiounen ëmginn, déi gëllen an dass dës net onbedéngt dee selwechte gesetzlechen Dateschutz bidden, wéi an Ärem Land, an ënner gewëssen Ëmstänn kënnen Är perséinlech Informatiounen zougänglech fir d'Police an aner Autoritéite sinn, sou wéi dat déi lokal Gesetzer virgesinn.

5.               DATESCHUTZ BEI KANNER

Eis Servicer riichte sech net u Persounen ënner 13 Joer a mir sammelen an halen net geziilt Informatioune vu Persounen ënner 13. Wann Dir mierkt, dass perséinlech Informatiounen iwwert eng Persoun ënner 13 un eis weidergeleet goufen, sot eis weg. direkt Bescheed (kuckt d'Kontaktinformatiounen hei ënnen drënner).

6.               LINKEN OP D’WEBSÄITE VUN DRËTTPARTEIEN

D'Servicer kënnen heiansdo Linken enthalen, déi op eng Websäit vun eise Partnernetzwierker, -Reklammebüroen, -Verkeefer a -Mataarbechter leet oder do hier stamen. Wann Dir op e Link op engem vun deene Site klickt, denkt dorunner, dass dës Siten hir eegen Dateschutzrichtlinnen hunn, an dass mir keng Responsabilitéit oder Haftbarkeet fir hir Richtlinnen hunn. Liest weg. déi eenzel Richtlinnen ier Dir Informatiounen un déi Websäite weidergitt.

Doriwwer eraus kann et Fonctioune vu soziale Medien op eisem Site ginn, z.B. Facebook, Twitter a Pinterest-Knäpp (wéi "like", "tweet" a "pin"). Dës Sitë vu soziale Medie kënnen automatesch Är Informatioune späicheren an dat duerch Äert Verhalen beim Surfen, all Kéiers wann Dir e Site benotzt, deen e soziale Medie-Knäppchen huet, egal ob Dir drop dréckt oder net. Är Interaktioune mat dëse Fonctioune gi vun den Dateschutzrichtlinne vun der Firma beaflosst, déi dës Fonctiounen zur Verfügung stellen, net vun eisen Dateschutzrichtlinnen. Kuckt weg. Är Astellungen zum Dateschutz op de Säite vun de soziale Medien no.

7.               AKTUALISÉIERUNGE VUN DËSE RICHTLINNEN

Mir behalen eis d'Recht vir, dës Dateschutzrichtlinn heiansdo ze änneren. Falls mir Ännerungen un dësen Dateschutzrichtlinne maachen, ännere mer den Datum ënner "Lescht Ännerung" a setzen déi nei Dateschutzrichtlinnen op dës Säit.

8.              MESSAGEN UN IECH

Wa mir Iech Informatiounen iwwert eppes gi mussen, wat mat Gesetzer, Marketing oder dem Geschäft ze dinn huet, benotze mer déi Aart a Weis, déi mir am beschte fannen, fir mat Iech a Kontakt ze trieden. Normalerweis maache mir dat iwwer E-Mail oder andeems mir eng Noriicht op eise Service setzen. D'Tatsaach, dass mir Messagen un Iech schécke kënnen, bedeit net, dass Dir verschidde Messagë vun eis, wéi an dëser Dateschutzrichtlinn beschriwwen, net kënnt ofbestellen.

9.              EIS KONTAKTÉIEREN

Wann Dir Froen iwwert oder Kommentaren zu dësen Dateschutzrichtlinnen oder eis Gewunnechten zum Dateschutz hutt, kontaktéiert eis iwwer global.irobot.com oder schreift eis op den:

An den USA:

8 Crosby Drive

Bedford, MA 01730

An der Europäescher Unioun:

10 Greycoat Place

London SW1P 1SB

United Kingdom

10.          DATUM VUN DER LESCHTER ÄNNERUNG

Dës Richtlinne goufe fir d'Lescht den 30.09.2016 geännert a gëllen zanterhier.