Cookie-Richtlinnen

iRobot - Lëtzebuergesch

COOKIE-RICHTLINNEN

Zesummefaassung

Dës Cookie-Richtlinnen erklären, wat Cookieë sinn a wéi d'iRobot Gesellschaft ("iRobot", "mär", "eis" oder "eisen/eist") se op eise Site, zum Beispill op www.iRobot.com (eise"Site") benotzt. Mir leeën Iech et un d'Häerz, d'Richtlinn ganz ze liesen, sou dass Dir verstitt, wéi eng Informatioune mir duerch Cookieë sammelen a wéi dës Informatioune gebraucht ginn.

 

Andeems Dir eise Site benotzt, sidd Dir domadder averstanen, dass mir Cookieë benotzen, sou wéi dës Richtlinnen et virgesinn. Normalerweis kënnt Dir d'Astellungen an Ärem Browser änneren, fir Är Erlaabnis un eis an Drëttparteien, wat d'Späicheren an den Accès vu Cookieën op Ärem Apparat ugeet, ze geréieren.

Wat si Cookieën?

Cookieë sinn Textdateien, déi nëmmen e puer Informatiounen enthalen an déi op Ären Apparat (Computer, Tablet oder Smartphone) erofgeluede ginn, wann Dir op e Site gitt. Déi Websäit, déi d'Cookieën erofgelueden huet, an all Websäit, déi déi selwecht Cookieë benotzt, ka se erkennen. Dat erméiglecht et der Websäit ze wëssen, dass deen Aaparat se schonn eng Kéier opgeruff huet.

Firwat gi Cookieë benotzt?

Cookieën hu vill verschidde Fonctiounen, z.B. hëllefe se eis ze verstoen, wéi eise Site benotzt gëtt, se loossen Iech effizient tëschent verschiddene Säite bliederen, verhalen Är Preferenzen a verbesseren Är Impressioun vun der Websäit. Cookieë kënnen och sécherstellen, dass dee Marketing, deen Dir online gesitt fir Iech an Är Intressie relevant ass.

Wéi eng Zort vu Cookieë benotzt iRobot?

Déi Zorte vu Cookieën, déi mir op eisem Site benotzen, kënnen am Allgemengen an déi heite Kategorië gesat ginn: onbedéngt noutwenneg; Statistik; Funktionalitéit; Reklamm; sozial Medien. Dir kënnt méi iwwert all Kategorie vu Cookieën an der Tabell hei ënnen drënner gewuer ginn.

Onbedéngt noutwenneg Cookieën

Dës Cookieë muss een hunn, fir dass de Site fonctionnéiert. Si erméiglechen et, um Site ze navigéieren an d'Fonctioune vum Site ze gebrauchen. Ouni dës Cookieë kënnt Dir Servicer, déi Dir gebrauche musst, fir eise Site ze benotzen, z.B. fir op eng sécher Säit ze kommen, net benotzen.

Statistik-Cookieën

Dës Cookieë sammelen Informatiounen doriwwer, wéi d'Leit eise Site benotzen, z.B. wéi eng Säiten am meeschte besicht ginn, wéi d'Leit vun engem Link op deen aneren navigéieren an ob si Feelermessagë vu verschiddene Säite kréien. All d'Informatiounen, déi dës Cookieë sammele ginn zesumme mat den Informatioune iwwert de Gebrauch vun eisem Site vun aner Leit anonym groupéiert. Am Allgemenge ginn dës Cookieën eis statistesch Informatiounen doriwwer, wéi eise Site leeft a wéi mir e verbessere kënnen.

Funktionalitéitscookieën

Dës Cookieën erlaben et eis, Är Choixen ze späicheren an eise Site op Iech unzepassen, fir Iech verbessert Funktiounen an Inhalter ze weisen. Zum Beispill kënnen dës Cookieën dofir benotzt ginn fir Ären Username, Äre Choix vu Sprooch oder vum Land ze verhalen, se kënnen och benotzt ginn, fir ze verhalen, wéi eng Ännerungen Dir un der Gréisst vum Text, Schrëft an aner Deeler vu der Säit, déi Dir selwer ännere kënnt, gemaacht hutt.

Reklammecookieën

Dës Cookieë gi benotzt, fir Iech Reklammen unzeweisen, déi méi relevant fir Iech an Är Intressie sinn. Si ginn och dofir benotzt, d'Unzuel vu Kéieren, déi Dir eng Reklamm gesitt ze begrenzen, a fir ze kucken, wéi efficace d'Werbekampagne ass. Si verhalen, dass Dir op engem Site waart an dës Informatioun ka mat enger anerer Organisatioun, wéi engem Reklammebüro gedeelt ginn. Dat bedeit, dass Dir eventuell Reklamm fir eis Servicer op anere Säiten kënnt gesinn, nodeems Dir eise Site besicht hutt.

Sozial Medie-Cookieën

Fir Äert Interneterliefnis ze verbesseren a fir et méi einfach ze maachen, Inhalter ze deelen, kënne verschidde Säite vun eisem Site Programmer oder Applikatiounen enthalen, déi mat soziale Medie vun engem Drëttubidder vernetzt sinn, zum Beispill mat Facebook, Twitter oder Google+. Iwwert déi Programmer oder Applikatioune kann den Ubidder vun de soziale Medien hir eege Cookieën op Ären Apparat setzen. Mir hu keng Kontroll iwwert dës Cookieën an Dir sollt um Site vum Ubidder vun de soziale Medie-Service kucken, fir méi doriwwer gewuer ze ginn, wéi si Cookieë benotzen.

Dir kënnt eng Lëscht iwwer verschidde vun deene spezifesche Cookieë gesinn, déi am heefegste vun eis benotzt ginn, an zwar an der Sectioun ënnert der Iwwerschrëft "Cookieën, déi vun iRobot benotzt ginn".

Wéi laang bleiwe Cookieën op mengem Apparat?

Wéi laang e Cookie op Ärem Apparat bleift hänkt dovunner of, ob et e "bestännechen" oder e "Sitzungs-" Cookie ass. Sitzungscookieë bleiwe just sou laang op Ärem Apparat bis Dir net méi surft. Bestänneg Cookieë bleiwen och nom Surfen op Ärem Apparat an zwar bis se oflafen oder geläscht ginn. Detailer zu de "bestännechen" a "Sitzungs-" Cookieën, déi vun eisem Site gebraucht ginn, fannt Dir an der Sectioun mat der Iwwerschrëft "Cookieën, déi vun iRobot benotzt ginn".

Éischt- an Drëttparteicookien

"Éischtparteicookieën", dat si Cookieën, déi eis gehéieren an déi mir op Ären Apparat setzen. "Drëttparteicookieën", dat si Coookieën, déi vun enger anerer Partei op Ären Apparat gesat ginn.

Drëttparteien, déi Cookieën iwwert eis Säit placéieren, liwweren e Service oder eng Fonctioun vun der Säit fir eis, mee mir hunn net ëmmer Kontroll doriwwer, wéi Drëttparteicookieë benotzt ginn. Kuckt op der Websäit vun der Drëttpartei no, fir méi Informatiounen iwwert hire Gebrauch vu Cookieë gewuer ze ginn. Detailer zu den Drëttparteien, déi Cookieën iwwert eise Site placéieren, fannt Dir an der Sectioun mat der Iwwerschrëft "Cookieën, déi vun iRobot benotzt ginn".

Wéi ee Cookieë vun eisem Site geréiert

Dir kënnt Äert Averständnis, Cookieën zouzeloossen, zu all Moment zréckzéien oder änneren. Wann Dir Äert Averständnis wëllt zréckzéien oder änneren, kënnt Dir dat iwwert Äre Browser maachen, an zwar andeems Dir d'Bedéngunge beim Späichere vun oder beim Zougangkréien op Cookieën aus- oder uschallt oder d'Cookieë läscht. Fir dat ze maachen, follegt den Instruktiounen, déi an Ärem Browser ugewise ginn (normalerweis an den Astellungen ënnert "Hëllef", "Steierungen" oder "Änneren"). Denkt drun, dass Dir eventuell net Zougang op geséchert Deeler vum Site kënnt kréien, an dass aner Deeler vum Site eventuell net richteg fonctionnéieren, wann Dir Äre Browser sou astellt, dass Cookieë blockéiert ginn.

Méi doriwwer, wéi een d'Astellunge fir Cookieën am Browser ännert, fannt Dir op www.allaboutcookies.org.

Munnech Drëttpartei gebraucht vläicht Reklammecookieën, fir Informatiounen iwwert Är Surfaktivitéit ze sammelen, sou dass si online Reklamme kënnen ubidden, déi méi relevant si fir Är Intressien. D'Reklammindustrie an der EU huet e System entwéckelt, deen et erméiglecht Cookieën ze spären, déi just deen Zweck verfollegen. Méi iwwert dee System vun der EU fannt Dir op www.youronlinechoices.eu.

Cookieën, déi vun iRobot gebraucht ginn

Déi folgend Tabell an Informatiounen, weisen déi Cookieën un, déi am heefegsten op eisem Site benotzt ginn. Et ginn och Detailer iwwer Drëttparteien, déi Cookieën iwwert eise Site gebrauchen.

Onbedéngt noutwenneg Cookieën

Numm vum Cookie

Éischt- oder Drëttparteicookie

Bestännechen oder Sitzungscookie

Den Zweck fir deen de Cookie benotzt gëtt

ASP.NET_SessionId

Dëse Cookie kënnt vun eisem Inhaltsmanagementsystem (d'Software, déi gebraucht gëtt, fir de Site z'aktualiséieren)

Statistik-Cookieën

Numm vum Cookie

Éischt- oder Drëttparteicookie

Bestännechen oder Sitzungscookie

Den Zweck fir deen de Cookie benotzt gëtt

ACD4

__utma

__utmb

__utmc

__utmz

__atuvc

Dës Cookieë gi gebraucht, fir Informatiounen doriwwer ze sammelen, wéi d'Visiteuren de Site benotzen. Mir gebrauchen dës Cookieën, fir Rapporten ze kreéieren a si hëllefen, d'Säit ze verbesseren. Dës Date ginn anonym gelagert a kënnen nëmme vun den zoustännegen Teams bei iRobot gekuckt ginn,

s_vsn_gsiciRobotuk

s_cc

s_sq

Dës Cookieën erméiglechen et der Adobe Omniture Software ze fonctionnéieren. Hir Software hëlleft eis, Informatioune vu Visiteuren ze kréien an z'analyséieren, zum Beispill d'Unzuel Visiteuren a wéi laang si do sinn.

Funktionalitéitscookieën

Numm vum Cookie

Éischt- oder Drëttparteicookie

Bestännechen oder Sitzungscookie

Den Zweck fir deen de Cookie benotzt gëtt

irbt_country

irbt_lang

Dës Cookieë gi benotzt, fir d'Land an d'Sprooch vun Ärem Browser festzestellen.

__utma

__utmb

__utmc

__utmz

JSESSIONID

__pr.841

Dës Cookieën erlaben et de Visiteuren, eis Produkter ze bewäerten.

cp_session

Dëse Cookie erlaabt et eis, eng relevant Hëllefssäit, je no deem wéi eng Sprooch gewielt gëtt, unzeweisen.

Irbt_dev_domain

Dëse Cookie gëtt nëmme fir ze teste gebraucht - dee gëtt et net op alle Siten.

ANON_ID

Dëse Cookie gëtt gebraucht, fir eng eenzegaarteg Nummer un Äre Webbrowser ze verdeelen, sou dass een all Browser kann erëmerkennen.

S<partnerid> (ie S4460)

SSID

secSID

Dës Cookieë si cryptéiert Sessiounsidentifikateuren, déi vum Ubidder vun eiser Onlinehandelsplattform benotzt ginn.

Reklammecookieën

Numm vum Cookie

Éischt- oder Drëttparteicookie

Bestännechen oder Sitzungscookie

Den Zweck fir deen de Cookie benotzt gëtt

Svid

_bizo_bzid

_bizo_cksm

_pk_id.121.5568

_pk_ref.121.5568

_pk_ses.121.5568

Dës Cookieën erlaben et engem Reklammebüro, hir Performanz vun der Traficaktivitéit ze bedreiwen an z'analyséieren.

RTG_Cookie

FC_Cookie

Reporting_Cookie

Prof_cookie

Model_cookie

Generic_cookie

Dës Cookieë gi gebraucht vun engem Drëttparteipartner, fir hir Werbekampagnen, déi si fir eis maachen, ze geréieren.

Sozial Medie_Cookieën

Numm vum Cookie

Éischt- oder Drëttparteicookie

Bestännechen oder Sitzungscookie

Den Zweck fir deen de Cookie benotzt gëtt

bt

di

dt

loc

psc

uid

uit

uvc

__atuvc

Dës Cookieën erméiglechen d'"Add-This"- Fonctioun, déi et de Visiteuren erlaabt, Inhalter vun eiser Websäit iwwert déi sozial Medien ze deelen.

W

act

c_user

datr

lu

p

presence

s

sub

x-src

xs

Dës Cookieën erlaben et de Visiteuren eis Produkter op Facebook ze "liken".

GMAIL_RRT

NID

PREF

Dës Cookieën erlaben et de Visiteuren, eis Produkter um Google Plus Netzwierk ze deelen

Ännerungen

Informatiounen iwwer Cookieën, déi vun eis gebraucht ginn, kënnen heiansdo änneren, dofir kuckt regelméisseg op dëser Säit no, ob et Ännerunge ginn. Nei Cookieë kënnen an dësen Tabelle bäikommen, mee d'Zorte vu Cookieën, déi op eisem Site gebraucht ginn, falen ëmmer an eng vun dëse Kategorien: onbedéngt noutwenneg; Statistik; Funktionalitéit; Reklammen; a sozial Medien.

Den Datum vun der leschter Modifikatioun vun dësem Dokument ass ënnen op der Säit ugewisen.

Froen

Falls Dir Froen iwwert dës Cookierichtlinnen hutt, kontaktéiert eis iwwert E-Mail: global.irobot.com.

Dës Cookierichtlinn gouf fir d'lescht den 30.09.2016 geännert.